No der Entdeckung vun enger neier Longekrankheet a China hunn d'Autoritéiten elo deen zweeten Doudesfall matgedeelt.

Enn Dezember war a China eng nei Longekrankheet, déi wuel vun Déieren iwwerdroe gouf, opgetrueden. Wéi d'Gesondheetskommissioun vun der zentralchinesescher Metropol Wuhan e Freideg matgedeelt huet, gouf et een zweeten Doudesfall. De Mann vun 69 Joer war schonn e Mëttwoch an der Klinik gestuerwen.

Fënnef vun den 41 Patienten, bei deenen deen neiaartege Coronavirus zanter Dezember festgestallt gouf, si weiderhin an engem kriteschen Zoustand. Bis ewell wären awer keng nei Infektioune méi dobäi komm, sou d'Autoritéiten. Nom Ausbroch hat ee 763 Mënschen ënner medezinesch Beobachtung gestallt. 644 vun hinne goufen antëscht nees entlooss.

De Virus gëllt net als héichustiechend. Bis elo, sou de chineesesche Gesondheetsministère, gouf et nach keng Iwwerdroung vu Mënsch op Mënsch. Et gouf awer ee Verdachtsfall. Nodeems de Virus fir d'éischte Kéier op engem Fëschmaart opgetratt war, hat sech eng Fra ugestach, déi awer kee Kontakt mam Maart hat. Si soll sech wuel bei hirem Mann, deen um Fëschmaart schafft, ugestach hunn.