Eng permanent Wafferou soll engem internen UNO-Dokument no op der Libyen-Konferenz zu Berlin erreecht ginn.

Déi ganz politesch Welt kuckt e Sonndeg op Berlin. Sou steet et a villen däitsche Medien, déi wuel Recht behalen dierfen. Op engem Sommet am däitsche Kanzleramt, soll nämlech e Wee fonnt ginn, fir nees Fridden am Biergerkrichsland Libyen ze fannen. Vertrieder aus 10 Länner si geruff, fir bei der Bundeskanzlerin Angela Merkel eng Wafferou z'assuréieren.

Erwaart ginn den tierkesche President Erdogan, de russesche Staatschef Putin, de franséische President Macron, den US-Ausseminister Pompeo, souwéi déi zwou Fraktiounen, déi sech a Libyen bekämpfen: de Generol Haftar an de Regierungschef al-Sarradsch.

De Generol huet nach e Samschdeg déi wichtegste Pëtrol-Export-Häfen a sengem Land blockéiert an domadder den Drock op dës Konferenz erhéicht. De Regierungschef fuerdert iwwerdeems een internationalen Trupp vun de Vereenten Natiounen a Libyen fir d'Zivilbevëlkerung ze schützen.