An der Ukrain-Affär hunn d'Demokraten am US-Representantenhaus neit Material public gemaach.

Dorënner si Fotoen an SMSen, déi beweisen, datt de Geschäftsmann Lev Parnas souwuel mam US-President Trump, wéi och mat deem sengem perséinlechen Affekot Kontakt hat. De Mann soll eng zentral Roll gespillt hunn an der Ukrain Material iwwert den Joe Bidden, dem Trump säi politesche Konkurrent, ze fannen.

Déi sougenannten Impeachment-Prozedur géint den US-President am Senat huet virun 2 Deeg formell ugefaangen.