Nom Fligeraccident vun der ukrainescher Passagéiermaschinn zu Teheran huet Lufthansa all d'Connectiounen an d'iranesch Haaptstad bis Enn Mäerz annuléiert.

D'Sécherheetslag wier weiderhin onkloer heescht et vun den Autoritéiten. Virun enger Woch hat d'Fluchgesellschaft schonn all d'Teheran-Flich bis Mëtt Januar annuléiert.

D'lescht Woch hat den Iran jo zouginn, d'Maschinn ongewollt ofgeschoss ze hunn. Dobäi waren déi 176 Mënschen u Bord ëm d'Liewe komm.