Eng 27.000 Leit hunn zu Berlin fir eng Agrarreform a méi Klimaschutz an der Landwirtschaft manifestéiert.

Och ronn 170 Bauere ware mat hiren Traktere mat dobäi.

D'Bauere fuerdere méi finanziell Ënnerstëtzung, fir sech un eng méi klimaneutral Landwirtschaft kënnen unzepassen. D'Demonstrante ruffen d'Regierung dozou op, dem Secteur vun der Landwirtschaft méi Zukunftsperspektiven ze bidden.

D'Organisateure vun den haitege Manifestatiounen hunn matgedeelt, dass zanter dem Amtsuntrëtt vun der däitscher Bundeskanzlerin Angela Merkel am Joer 2005, ganzer 130.000 Bauerenhäff hu missen zoumaachen. Gefuerdert gëtt dowéinst eng méi konsequent an awer och fair Klimapolitik.

D'CO2-Emissiounen, déi duerch den Ausfluch mam Trakter an d'Haaptstad entstanen sinn, hunn d'Baueren duerch en den Humus-Opbau ausgeglach.

D’Manifestatioun war am Kader vun der Foire „Internationale Grüne Woche“, déi zu Berlin ugefaangen huet an nach bis den 26. Januar geet.