Mat der neier Uniform fir d'Zaldote vun der amerikanescher "Space Force" gëtt den Ament nawell zolidd de Geck gemaach.

D'Weltraum-Divisioun vun der amerikanescher Arméi hat e Samschdeg eng Foto mat der gréng-bronger Camouflage-Uniform op Twitter publizéiert, déi bannent kuerzer Zäit dausende Mol kommentéiert gouf. Ënner anerem och mat der Fro "wéi vill Beem a Gréngs d'Space Force da géing mengen am Weltraum ze fannen".

D'Space  Force huet dunn no e puer Stonnen erkläert, si géinge mam normalen Arméisgezei Käschte fir den Design an d'Produktioun spueren.

Den Donald Trump huet d'Space Force jo gegrënnt, fir d'USA op eventuell Konflikter am All virzebereeden. Fir déi éischte Kéier zanter 1947 gouf domat nees eng separat Fraktioun bannent der Arméi geschaaft. Deemools war et d'US-Airforce.