Déi extrem Bëschbränn an Australien hu mëttlerweil och Konsequenzen op den lokalen Tourismussecteur.

D'Regierung huet decidéiert, den Concernéierte mat ronn 76 Milliounen australeschen Dollar ënnert d'Äerm ze gräifen, ma gerechent op de Verloscht, ass dat just eng Drëps op de waarme Steen. Den australeschen Tourismussecteur rechent nämlech mat Aboussen an Héicht vu Ronn 4,5 Milliarden Dollar.