En Dënschdeg goufen déi éischt Resultater vun den Ermëttlungen ëm déi ukrainesch Passagéiermaschinn verëffentlecht, déi iertemlech ofgeschoss gouf.

Wéi et vun den iraneschen Autoritéiten heescht, wieren zwou Rakéite vum Typ M1-TOR a Richtung vum Fliger ofgefeiert ginn.

Den Iran hat jo deeglaang dementéiert Schold um Ongléck gewiescht ze sinn. No massivem internationalen Drock hu si um Enn zouginn dofir responsabel ze sinn.