De Weltwirtschaftsforum zu Davos dréit sech alles ëm de Klimawandel an nohaltege Kapitalismus.

"De Klima ass zwar e Sujet hautdesdaags, mä Konkret ass Näischt geschitt. D'CO2- Emissiounen sinn net erofgaangen". Dat sot d'Ëmwelt-Aktivistin Greta Thunberg en Dënschdeg de Moien um Weltwirtschaftsforum zu Davos.

Bis e Freideg sëtzen an der Schwäiz nees Spëtzepolitiker, awer och Wëssenschaftler, Wirtschaftsvertrieder an ONGen beieneen. Diskutéiert gëtt iwwer Ekonomesch-, Sozial- a besonnesch d'Ëmweltpolitik.

Bis zu 3000 Leit gi sech fir déi 50. Editioun erwaart. Lëtzebuerg ass duerch de Premier Xavier Bettel vertrueden.