Zanter e Sonndeg zitt de Stuerm "Gloria" iwwert den Oste vu Spunien an d'balearesch Inselen eriwwer. Och Südfrankräich ass zum Deel betraff.

Engem leschte Bilan no si 7 Mënschen a Spuenien ëm d'Liewe komm, véier Persoune si verschwonnen. Ee Mann ass am Hafe vu Palamos, Katalounien, an d'Mier gefall, zwou aner Persoune sinn am Süde vun Andalusien ëmkomm an an der Provënz Alicante gouf e Mann vu 67 Joer mat sengem Auto vun de Waassermasse matgerappt. Déi aner dräi Affer goufen e Sonndeg respektiv e Méindeg entdeckt.

Et koum zu massivem Reen, Wand a Schnéi. Zu Tossa de Mar, an der Géigend vu Barcelona, goufen d'Stroossen esouguer vu Schaum iwwerschwemmt.

D'Onwiederen haten och en Impakt op d'Schoulen: ronn 200.000 Schüler haten ufanks der Woch schoulfräi. 220.000 Stéit waren ouni Stroum, de Stroossen- an Zuchverkéier huet zäitweis missen ënnerbrach ginn. Am Süde vu Frankräich goufen iwwer 1.500 Mënschen evakuéiert.

Bannent 24 Stonne sollen zu Mallorca 200 Liter Reen pro Quadratmeter gefall sinn.