Eréischt 90 Meter hannert der Landebunn, op enger ëffentlecher Strooss zu Mahschahr koum de Fliger un d'Stoen.

U Bord vum Fliger vun der iranescher Fluchgesellschaft Caspian Airlines waren 150 Leit. Éischte Medieberichter no ass e Méindeg beim Accident am Süde vum Iran un der Grenz vum Irak kee blesséiert ginn.

Et geet een dovunner aus, dass et een techneschen Defekt gouf.

Wéinst US-Sanktioune géint den Iran ass d'zivil Aviatioun veraalt. Vill vun de Maschinne sinn iwwer 45 Joer al an deemno kënnt et ëmmer nees zu Defekter.