Aktuell sinn eng 3.000 Leit weltwäit mam Corona-Virus infizéiert.

Wéinst dem Virus gouf d’Vakanz fir dat neit chinesescht Joer verlängert. D’chinesesch Autoritéiten hunn e Sonndeg betount, wéi schwiereg et ass, d’Krankheet anzedämmen: Infizéiert Persoune si wärend der Inkubatiounszäit, also iert Symptomer opfalen, ustiechend.

Millioune Chinese sinn a Quarantaine, a anere Wieder ofgeschott gi vun der Baussewelt.

Däitschland denkt driwwer no, däitsch Staatsbierger aus der Stad Wuhan a China z’evakuéieren.

Däitschland schätzt, datt Dosenden Däitscher an den affektéierte Regioune sinn.