Schonn am Abrëll 2010 hat en islännesche Vulkan de Fluchverkéier an Europa schwiereg gestallt.

Experte vun der staatlecher Kontrollinstanz registréieren zanter enger Zäitche verstäerkt Aktivitéit vun engem Vulkan, dee souwisou als aktiv gëllt. Vill kleng Äerdbiewe wieren an der Lescht méi no hannerteneen ze spiere gewiescht.

Am Abrëll 2010 hat den Ausbroch vum Eyja-Fjalla-Jökull-Vulkan op der Island ee Mount laang de Fluchverkéier an Europa quasi komplett Brooch geluecht. Och elo gouf de Fluch-Secteur schonns vun den islänneschen Autoritéiten virgewarnt.