D'Zuel vun de Leit, déi sech a China mam Coronavirus ugestach hunn, klëmmt weider. An Tëschenzäit sinn et der schonn iwwer 40.000.

D'USA wëllen iwwerdeems China an aner Länner, déi vum Virus betraff sinn, finanziell ënnerstëtzen. Dat mat enger Enveloppe vu bis zu 100 Milliounen Dollar. Den Ausseministère hätt dës Woch schonn eppes méi wéi 16 Tonnen u gespente medezineschen Hëllefsgidder a China transportéiert.

Och déi chineesesch Zentralbank huet annoncéiert, d’Lutte géint d’Epidemie mat ëmgerechent 39 Milliarden Euro ze ënnerstëtzen. Betriber, déi zu der Präventioun oder dem Andämme vum Virus bäidroen, kréien méi gënschteg Kreditter zougesprach.