Wéi ass d'Stëmmung an Thüringen no der Wal vum FDP-Mann Kemmerich zum Ministerpresident a sengem Récktrëtt e bësse méi spéit?

Déi Lénk profitéieren, seet eng representativ Ëmfro a klammen op 39%. D'CDU verléiert dramatesch, vu bal 22 op 13% an d'FDP wär mat 4 % mol net méi am Landtag vertrueden.

D'AfD bleift stabel bei 24%. D'SPD wënnt liicht a kéim op 10%. Déi Gréng bougéieren net vill a misste mat 5% op en Neits zidderen, ob se et an de Landtag packen.

Iwwer 3 Véierel vun de Wieler sinn der Meenung, datt déi aktuell Regierungskris Thüringen geschuet huet an allgemeng der Politik.

Déi meescht si fir Neiwalen.

Plainte géint d'Angela Merkel

D'AfD mécht eng Plainte géint d’Angela Merkel, dat wéinst den Aussoe vun der Bundeskanzlerin am Bezuch op d'Wiel vum Ministerpresident an Thüringen d'lescht Woch. Si sot jo et wier "net ze verzeien", datt d'CDU zesumme mat der AfD fir den FDP-Kandidat Thomas Kemmerich gestëmmt huet.

D'rietsextrem AfD gesäit an där Ausso en Amtsmëssbrauch vun der Kanzlerin.