Eng Resolutioun, déi vu Groussbritannien virgeluecht gouf, ass e Mëttwoch den Owend mat 14 vu 15 Stëmmen ugeholl ginn. Russland huet sech enthalen.

Dem Accord ware wochelaang Gespréicher virausgaangen, notamment op der Libyen-Konferenz zu Berlin, wou sech och op d’Anhale vun engem Waffen-Embargo gëeenegt gouf.