Den europäesche Fligerconstructeur huet dat lescht Joer mat engem Verloscht vun 1,36 Milliarden Euro ofgeschloss.

Dobäi hu sech virun allem déi 3,6 Milliarden Euro negativ ausgewierkt, déi de Konzern u Stroftaxe wéinst Korruptiounsvirwërf huet misse bezuelen. Weider hunn och d'Exporterwaardunge vun 1,2 Milliarden Euro fir den Transportfliger A400M an de Portmonni geschloen. Ouni dës Effekter hätt een e Gewënn viru Steieren an Zënse vu 6,9 Milliarden Euro gehat, huet Airbus en Donneschdeg matgedeelt.