Et ginn elo och Fäll matgezielt, bei deenen Dokteren eng Longenentzündung, Féiwer, Otemproblemer an aner typesch Coronavirus-Symptomer festgestallt hunn.

Dëst, well mat Hëllef vun DNA-Tester am Labo, Infektiounen dacks net kéinte festgestallt ginn.

Bei der neier Zuel vun iwwer 4000 Infektiounen eleng en Donneschdeg, wiere bal 3'100 Fäll iwwert esou klinesch Diagnosen derbäi komm.

D’Weltgesondheets.-Organisatioun huet dat Virgoen begréisst, well et zu enger méi séierer Isolatioun vun de Patienten géif féieren.

Well d’Spideeler mat de ville Kranken an der Regioun Hubei den Ament komplett iwwerfuerdert sinn, goufen elo méi wéi 21.000 Medezinner aus aneren Deeler vu China dohin beuerdert.

En Donneschdeg koum och d'Nouvelle, datt de Coronavirus däitlech méi ustiechend ass wéi ugangs geduecht.

E muss net bis an d'Long kommen, fir geféierlech ze ginn, den Hals geet duer. Deemno ass och de Wee méi kuerz fir aus dem Kierper eraus a fir een aneren unzestiechen.

De Coronavirus wär also änlech ustiechend wéi déi normal Gripp, net wéi Sars, deen huet misse bis déif an d'Long geroden, fir e Mënsch z'infizéieren.