Déi fréier Ministerpresidentin vun Thüringen Christine Lieberknecht seet, si stéing net méi fir eng Iwwergangsregierung zur Dispositioun.

Am ostdäitsche Bundesland Thüringen gëtt d'politesch Situatioun ëmmer méi oniwwersiichtlech an Neiwale réckele wuel ëmmer méi no. De Mëttwoch de Moien huet nämlech déi fréier Ministerpresidentin Christine Lieberknecht vun der CDU, déi vun "Die Linke" als Cheffin vun enger Iwwergangsregierung an d'Spill bruecht gi war, erkläert, si stéing net méi zur Verfügung.

Chaos an Thüringen/Reportage Eric Ewald

Si sot, de Grond dofir wären déi ganz ënnerschiddlech Virstellungen, déi engersäits déi Lénk, d'SPD an déi Gréng an anerersäits d'CDU zum Zäitpunkt vun Neiwalen hätten.

Zwou Wochen op den Dag genee, nodeems den Thomas Kemmerich vun der FDP mat Hëllef vun der AfD an der CDU zum Ministerpresident gewielt gouf, ass mam Nee vun der Ex-Regierungscheffin zu Erfurt en neien Déifpunkt erreecht. An deene 14 Deeg huet ënnert anerem d'Kanzlerin Angela Merkel deklaréiert, déi Wiel misst réckgängeg gemaach ginn, ass deen Thomas Kemmerich als Ministerpresident zréckgetrueden an huet d'CDU-Parteicheffin Annegret Kramp-Karrenbauer op d'Kanzlerkandidatur verzicht.

Op dës politesch Biewen zu Berlin an Erfurt sinn nach eng Rëtsch Nobiewen an deenen eenzele Parteien nokomm. E Méindeg hat een du geduecht, mat der Propos vum viregte Regierungschef Bodo Ramelow vun "Die Linke", eben d'Christine Lieberknecht fir 70 Deeg als Interimsléisung anzesetzen, hätt een de Problem kuerzfristeg geléist. Elo awer spillt déi Betraffen net mat, déi betount huet, nëmme fir déi Iddi vum Bodo Ramelow zur Dispositioun gestanen ze hunn. De Widdersproch mat hirer eegener Partei, der CDU, déi keng séier Neiwale wéilt - wuel well si massiv Verloschter fäert, wär net opzeléisen. D'Chrëschtdemokrate wéilten ënnert anerem, dass hir Politikerin en neie Budget duerch de Landtag brénge géif, woumat Neiwalen e puer Méint no hanne géife verréckelt ginn. Fir d'Christine Lieberknecht wär déi eenzeg Alternativ zu séieren Neiwalen elo eng Koalitioun tëscht déi Lénk an CDU. Déi leschtgenannt wëll awer, wéi si bis elo sot, weder mat der AfD zesummeschaffen, nach mat "die Linke".

Deemno steet et elo nach méi an de Stären, wéi et an Thüringen weidergeet. U sech wollten d'Haaptparteie bis e Freideg en Auswee aus der Regierungskris fonnt hunn: Dat schéngt onwarscheinlech, bis onméiglech.