Fir déi traureg Realitéit besser auszeblenden a sengem klenge Meedchen d'Angscht ze huelen, huet e syresche Papp sech e Spill ausgeduecht, wa Bomme falen.

Fir säin 3 Joer aalt Meedche Selva ofzelenken, wa Bomme aschloen, huet den Abdullah al-Mohammed, fréieren tierkeschen Deputéierte vun der Regierungspartei AKP, sech e Spill ausgeduecht. All kéiers wa si eng Detonatioun héieren, laache si.

De Video vu sengem Laach-Spill huet de Papp op Twitter gedeelt. Op de soziale Reseaue gëtt de Clip de Moment massiv gedeelt.

"Ass et e Fliger oder eng Bomm?", sou d'Fro soubal et am Himmel ufänkt ze rumoueren an d'Selva probéiert ze roden. Soubal d'Bomm aschléit, laachen déi zwee, blenden esou d'Geräisch, d'Gefor aus.

D'Famill wunnt zu Sarmada, hiert Doheem zu Saraqib, am Bezierk Idlib, hu si misse verloossen. Ma och do fale stänneg Bommen. Sarmada ass déi lescht vun de Rebelle besaten Héichbuerg a Syrien.

Den 32 Joer ale Papp huet sech d'Spill afale gelooss, nodeems säi Meedche mat 12 Méint ugefaangen huet, bei all nach esou klenge Knuppert ze kräischen. Fir sech selwer hätt hie keng Perspektiv méi, mä fir säi Kand wéilt hien d'Hoffnung net opginn: "Ech hu keng Dreem méi, mä fir mäi Meedche wëll ech e bessert Liewen".

"Iergendwann versteet hatt, dass dat Geräisch, d'Geräisch vum Doud ass, ma bis dohi weess hatt och, wie mir sinn a wat eis Geschicht ass", sou de Mohammed.