No zwou Woche Quarantän wéinst dem Coronavirus hunn a Japan déi éischt Passagéier vun engem Croisièresschëff dierfen u Land goen.

Ronn 500 Passagéier, déi negativ op de Virus getest goufen, hunn e Mëttwoch d'Croisièresschëff "Diamond Princess" dierfe verloossen. U Bord sinn am Ganzen iwwer 3.000 Persounen. Net erof dierfen deemno all déi Passagéier, déi entweder Kontakt mat den Infizéierten haten oder d'Resultater vun den Tester nach net virleien.

Et gëtt allerdéngs nach kee Grond fir eng Entwarnung, et goufen nämlech 79 nei Infektiounen um Schëff notéiert, sou den zoustännege Gesondheetsministère e Mëttwoch. Domat gouf antëscht bei 621 Mënschen u Bord den Covid-19 festgestallt.

Japanesch Medie mellen, dass zwee Passagéier um Croisièresschëff um Virus gestuerwe wieren.

Um Virus si bis ewell méi wéi 2.000 Mënsche gestuerwen. Iwwer 74.000 sinn infizéiert.

Niddregste Chiffer vun Nei-Infektiounen

A China goufen zanter e Mëttwoch 673 nei Infektioune mam Coronavirus festgestallt.

Dat wier déi klengsten Zuel un nei-Infizéierten pro Dag zanter engem Mount. Alleguerte wiere se an der haaptsächlech betraffener Regioun Hubei festgestallt ginn.

Iwwerdeems melle japanesch Medien, dass zwee Passagéier um Croisièresschëff „Diamond Princess“ um Virus gestuerwe wieren. Zwou Wochen laang war d‘Schëff ënner Quarantän, well eng 600 Passagéier positiv getest gi waren.