Den Ëmweltverband "Grüne Liga" hat géit d'Ofholze vum Bësch, fir hei en Tesla-Wierk ze bauen, geklot. E Geriicht huet d'Klo ofgewisen.

Tesla dierf also elo de Bësch bei Grünheide net wäit vu Berlin ewech roden, fir hei en neit Wierk ze bauen. D'Ëmweltorganisatioun hat en "Eilantrag" agereecht, fir eben ze verhënneren, datt de Bësch verschwënnt. Ma dem Gesetz no wier alles richteg Ofgelaf, dowéinst huet d'Geriicht dëse Schratt erlaabt. Ronn 154 Hektar Bësch musse wäichen, fir datt op dëser Plaz déi nei Fabrick kann entstoen.