An enger Residence huet eng Persoun duerch eng Wunnengsdier op d'Beamte geschoss. Virdrun hat den 42 Joer ale Mann selwer d'Police geruff.

Méi spéit huet hie seng Waff awer op de Buedem geluecht a konnt festgeholl ginn.

An der Wunneng gouf eng Läich fonnt. Iwwer d'Doudesursaach ass näischt gewosst. De Parquet vu Schwerin ermëttelt.