Hie muss sech géint de Reproche vum Verontreie vun ëffentleche Gelder rechtfäerdegen, grad wéi, dass hie Leit just zum Schäin soll beschäftegt hunn.

De Fillon, seng Fra an e fréiere Mataarbechter riskéieren dobäi bis zu 10 Joer Prisong an héich Geldstrofen.

D’Affär war matzen am Walkampf vun den Presidentiellen 2017 opgeflunn. De favoriséierte Fillon huet sech doropshin als Spëtzekandidat vun de Konservativen zeréck gezunn an d’Wal goung un de Macron.