Beim Rosenmontag-Ëmzug am hesseschen Volkmarsen ass e Chauffer e Méindeg express an e Grupp Mënsche gerannt.

Den sëlwergroe Mercedes ass géint 14.30 Auer an eng Grupp vu Leit gerannt. D'Gefier ass duerch d'Ofspärung gerannt an dono an de Grupp vu Leit. Op dësem Deel vun der Streck stounge grad vill Persoune laanscht d'Strooss, esou d'Frankfurter Rundschau.

Engem neie Bilan no goufen am Ganzen 52 Persoune blesséiert, dorënner 18 Kanner. 35 Leit wieren nach am Spidol.

Wéi Zeien ausgesot hunn, wier den Auto eng 30 Meter wäit gefuer, de 29 Joer ale Chauffer hätt dobäi och nach Gas ginn. Weider heescht et och vun Zeien, datt den Auto eng Ofspärung ëmfuer hätt, fir bis op déi Plaz ze kommen.

D'Police op der Plaz huet matgedeelt, datt et keen Accident war, mä de Chauffer express an de Grupp vu Leit gerannt wier. En Attentat oder eng politesch motivéiert Dot gëtt awer ausgeschloss. "Wir gehen nicht von einem Anschlag aus. Wir gehen von einem vorsätzlichen Tatgeschehen aus", esou e Spriecher vun der Police. Den hesseschen Inneministère dogéint wollt en Attentat zum aktuellen Zäitpunkt net ausschléissen.

Als Reaktioun op dësen Tëschefall goufen a ganz Hessen d'Ëmzich ofgesot.

Dee Mann, deen zu Volkmarsen am däitsche Bundesland Hessen express mat sengem Auto an e Fuescortège gerannt war, ass an Untersuchungshaft komm. Duerch dee wëllentlechen Akt waren iwwer 60 Leit blesséiert ginn. Dem Mann gëtt v.a. versichte Mord virgehäit, huet d'Generalstaatsanwaltschaft zu Frankfurt matgedeelt.

Iwwer säi Motiv ass nach näischt gewosst.