En déidlechen Accident gouf et e Méindeg am Nomëtteg op der Streck tëscht Schengen a Contz op der franséischer Säit.

Dëst kuerz virun der Lëtzebuerger Grenz.

Zwee Autoe kruten sech kuerz no 16 Auer do frontal ze paken, woubäi ee Won duerch de Choc iwwert d’Leitplanke gedréckt gouf.

Fir e 76 Joer-ale Fransous sollt all Hëllef ze spéit kommen.

Den 2. Chauffeur vun 37 Joer koum, nodeems hien aus sengem futtisse Gefier erausgeschnidde gouf, uerg blesséiert op Diddenuewen an d’Klinik.