De Bundesgesondheetsminister Jens Spahn zitt sech aus der Course ëm de Posten un der CDU-Spëtzt zeréck. Dofir kandidéiert awer den Armin Laschet.

Den NRW-Ministerpresident huet seng Kandidatur am Laf vum Dënschdeg de Moien ugekënnegt, dëst an enger Pressekonferenz zu Berlin, zesumme mam Jens Spahn.