Den Domingo kritt zanter Méint vun enger Rei Fraen sexuell Belästegung virgehäit.

De spueneschen Tenor Placido Domingo huet sech elo offiziell entschëllegt. An engem en Dënschdeg verëffentlechte Communiqué seet hien "pardon", fir dat Leed, dat hier verursaacht hätt. Hie géing d'ganz Responsabilitéit vu sengen Aktiounen assuméieren.