Am Alter vun 91 Joer ass de fréieren ägyptesche President Hosni Mubarak gestuerwen. Dat huet d'ägyptesch Staatstélé um Dënschdeg matgedeelt.

Dräi Jorzéngten huet de Mubarak an Ägypten als Diktator geherrscht, 2011 ass hien ofgesat ginn. Hien huet 6 Joer mussen an de Prisong a war 2017 entlooss ginn.