Den Ament hätt de Bernie Sanders déi bescht Chancen, bei de Presidentschaftswalen an den USA fir d'Demokrate géint den Donald Trump kënnen unzetrieden.

En Dënschdeg war de leschten Duell op der Tëlee virun de wichtegen demokratesche Virwalen e Samschdeg. An do krut hie reprochéiert, datt hie keng Chance géint den Donald Trump hätt.

Eng Frontalattack koum vum fréiere Buergermeeschter vun New York, dem Michael Bloomberg. De Bernie wäert géint den Donald Trump verléieren, esou de Mediemilliardär. Och vum fréiere Vizepresident Joe Biden koum Kritik. Hien huet dem Sanders reprochéiert, an der Vergaangenheet géint e méi schaarft Wafferecht gestëmmt ze hunn. Ausserdeem huet hien dem 78 Joer ale Politiker positiv Bemierkungen iwwert d'kommunistesch Politik op Kuba virgeworf.

D'Senatorin Elizabeth Warren huet bemierkt, dass hien zwar "progressiv Iddien" hätt, ma säi Plang vun enger staatlecher Krankeversécherung géing awer Froen opwerfen. Anescht wéi si géing hien net erklären, wéi d'Reformvirschléi sollen ëmgesat a bezuelt ginn. Mam Sanders géifen d'Demokraten och nach hir Majoritéit am Representantenhaus verléieren.

© afp

De Bernie Sanders sengersäits huet d'Attacke mat Ironie opgeholl. Hie verdeedegt seng politesch Virschléi energesch a betount, hie wéilt d'Käschte fir de Gesondheetssystem jo net erhéijen, mä erofsetzen. Net vun ongeféier koumen d'verbal Ugrëff op de Senator. Am Bundesstaat Vermont gëlt hie bei den Demokraten als Favorit. An den éischten 3 Virwale läit hie mat der Nues vir an och an de landeswäiten Ëmfroen huet hien en däitleche Virsprong.