Am Kampf géint d'Heesprénger-Plo a Pakistan sollen elo 100.000 Inten aus dem Nopeschland agesat ginn, fir dës Insekten z'iessen.

Wéi Bloomberg schreift, wieren Inte méi effektiv wéi Pestiziden. Eng eenzeg kéint iwwer 200 Heesprénger den Dag consomméieren. Dowéinst sollen elo 100.000 Stéck a Pakistan geschéckt ginn, fir et sech gutt schmaachen ze loossen an der Plo en Enn ze setzen.

Zanter Méint si Länner am Oste vun Afrika sou wéi am Süde vun Asien mat Insekteschwäerm gehäit, déi eng Gefor fir d'Recolte duerstellen.