Dat schottescht Parlament huet decidéiert, dass an Zukunft bestëmmten Hygiène-Artikele fir Frae wäerte gratis ugebuede ginn.

Domat geet Schottland e gudde Krack méi wäit wéi aner Länner, fir d'"Menstruatioun ze normaliséieren", erkläert déi schottesch Deputéiert Monica Lennon. Vun 2018 u goufe Binden an Tampone scho gratis a Schoulen a Universitéiten ugebueden.

Dës Mesure soll weisen, dass d'Parlament d'Gläichheet vun de Geschlechter eescht géing huelen, sou nach d'Politikerin.