Zu Paräis koum et um Freideg um Bord vun engem Concert vun engem kongolesesche Sänger zu Ausernanersetzungen op der Gare de Lyon.

Ronderëm d'Gare de Lyon zu Paräis waren e Freideg kuerz virun 18 Auer Flamen a schwaarz Dampwolleken ze gesinn. Persounen hate Scooteren an Dreckskëschten a Brand gestach.

D'Gare huet missen aus Virsiicht evakuéiert ginn.

Géint 19 Auer hat d'Police-Präfektur du matgedeelt, datt d'Feier ënner Kontroll wär, d'Läschaarbechten awer nach géifen undaueren.

Virun der Gare gouf et eng Demonstratioun géint de Concert vum Fally Ipupa aus dem Kongo. De Sänger gëllt als Unhänger vum fréiere kongolesesche President Joseph Kabila an deem sengem Successeur Felix Tshisekedi. Vill Exil-Kongolese werfe Béide vir, datt si d'Réistoffer vum Land géifen un auslännesch Firme verkafen a sech mat ondemokrateschen Tricke selwer un der Muecht halen.

D'Police hat am Virfeld vum Concert mat Problemer gerechent. D'Demonstratioun am Quartier war dann och net autoriséiert ginn.

D'Autoritéiten hunn iwwerdeems vun "inakzeptabeler" Gewalt geschwat. Op Twitter huet een e Video verlinkt, wou Pompjeeë vun Demonstranten attackéiert goufen.

Videoe vun der Plaz