Déi chinesesch Regierung huet eng éischt Covid-19-Infektioun bei engem Hond confirméiert.

D'Hausdéier hätt positiv op den Test reagéiert, awer nëmme liicht, erkläert de Landwirtschaftsministère zu Hong Kong. Wéi et vun Experten an der Weltorganisatioun fir d'Gesondheet vun den Déieren heescht, wier dëst den éischte Fall vun enger Mënsch-zu-Déier-Iwwerdroung vum Coronavirus.

Gehéiere mécht de Véierbeener enger 60 Joer aler Fra, déi sech mam neie Virus infizéiert huet. Den Ament ass d'Déier a Quarantän a géing keng Symptomer weisen. Eréischt wann den Test negativ ausfält, dierfe Meeschterin an Hond nees vereent ginn. Esoulaang gëtt de Mupp an der Déiereklinik iwwerwaacht.

Op der Internetsäit vun der Weltgesondheetsorganisatioun heescht et, dass et den Ament nach kee Beweis dofir gëtt, dass Hausdéiere kënne mam Coronavirus infizéiert ginn. Experten halen dëst zwar fir méiglech, ma gläichzäiteg awer fir onwarscheinlech, dass dës de Virus weider verbreede kéinten.

Zanter e Freideg ginn zu Hong Kong alleguerten d'Hausdéiere vu Coronavirus-Infizéierte systematesch a Quarantän gesat. Bis ewell goufen an der Milliounemetropol 102 Fäll nogewisen, 2 Patienten hunn net iwwerlieft.

Éischten Doudesfall an der Schwäiz

An der Schwäiz gouf et den éischten Doudegen, deen um Coronavirus gestuerwen ass. An den USA huet de Bundesstaat Kalifornien iwwerdeems den Ausnamezoustand deklaréiert. Dat, well 53 Infektiounen am Staat detektéiert goufen. Den amerikanesche Kongress huet mëttlerweil finanziell Moyenen zur Verfügung gestallt, fir géint de Coronavirus virzegoen. 7,5 Milliarden Euro sinn dofir fräi gemaach ginn. D'Representantenhaus huet dann och ee Gesetz fir urgent Hëllef ugeholl. Domadder sollen d'Recherchë vu Vaccinen an d'Entwécklung vun Therapië mat 3 Milliarden Dollar finanzéiert ginn.