Indien huet eng Ausgangsspär fir dat ganzt Land deklaréiert.

Domadder sinn iwwert eng Milliard Mënschen dru gehalen, sech doheem opzehalen, fir ze verhënneren, datt de Coronavirus sech ausbreet.

Dës Spär gëllt elo 3 Woche laang. Domadder sinn 1,3 Milliarde Mënsche vun der Mesure concernéiert.

D'Moossnam gëllt vun Hallefnuecht un, esou de Premierminister Modi, an enger Usprooch un d'Inder.