E Sonndeg den Owend koum d’Nouvelle, dass d’Bundeskanzlerin Angela Merkel misst a Quarantän goen.

Dat, well si e Freideg Kontakt zu engem Dokter hat, deen elo positiv getest gouf. E Méindeg koum d'Nouvelle, dass hiren éischten Test negativ ausgefall ass. Bannent den nächsten Deeg wäerte weider Tester duerchgefouert ginn.