D'Bundeswehr huet ausgerechent, datt mat enger Reduktioun vun 18% vun hiren Truppen, den Optrag vun den Däitsche weider erfëllt kéint ginn.

Déi däitsch Arméi huet domadder ugefaangen, eng Partie vun hiren Truppen aus dem Afghanistan ofzezéien, esou wéi dat tëscht dem Ofkommes tëscht den USA an den Taliban ausgemaach ass. De Moment sinn eng 1.300 Zaldoten als Deel vun enger NATO Missioun am Land ënnerwee. Ënnert anerem beroden si déi afghanesch Truppen.

D'Bundeswehr huet ausgerechent, datt mat enger Reduktioun vun 18% vun hiren Truppen, den Optrag vun den Däitsche weider erfëllt kéint ginn.