D'US-Regierung huet sech mat de Senateuren op en Hëllefspak gëeenegt, deen d'wirtschaftlech Konsequenze vun der Corona-Pandemie offiedere soll.

An den USA ass de Kongress sech Eens ginn, fir 2.000 Milliarden US Dollar an d’Ekonomie ze pompelen. Et ass dee gréissten Stimulus-Programm an der Geschicht vun den USA. Profitéiere solle Betriber an d’Stéit an dat an den nächsten Deeg. Déi 2.000 Milliarden goufen och op de Boursen antizipéiert: weltwäit ass eng „flambée“ vun de Boursëwaerter.