Ee Joer laang hat den Ugekloten, deen 51 Mënscheliewen um Gewëssen huet, op onschëlleg plädéiert. Elo huet e seng Meenung geännert.

Den 29 Joer alen Australier huet sech bei enger Unhéierung virum Ieweschte Geriichtshaff zu Christchurch an Neiséiland schëlleg bekannt.

Hien hat de 15. Mäerz 2019 eng mäerderesch Attack op 2 Moscheeë gemaach. 51 Persounen hunn dat Attentat net iwwerlieft.

Den Ugekloten huet am Juni Rendez-vous virun de Riichter. En Datum fir d'Urteel gëtt et nach net.