De brittesche Premier huet liicht Symptomer, de Sänger vu Rammstein huet dogéint eng schwéier Longenentzündung.

Wéi hien am Video seet, hätt hie liicht Symptomer a wär elo a Quarantän. Hie géif sengen Aufgaben als brittesche Premier weider nokommen, sou de Boris Johnson.

De Sänger vu Rammstein Till Lindemann läit op der Intensivstatioun an enger Berliner Klinik. De 57 Joer alen Däitschen huet eng schwéier Longenentzündung, d'Tester hunn net op de Coronavirus higedeit. Et hat Liewesgefor bestanen, ma aktuell geet et dem Museker nees besser.