E Freideg koum et op der Landstrooss tëscht Trassem a Freudenburg an Däitschland zu engem uergen Accident.

Géint 10.50 Auer krut e Gefier e Bam ze paken. Dobäi gouf de Fuerer esou schwéier blesséiert, dass en huet misse vum Rettungsdéngscht aus dem Auto geschnidde ginn.

D'Strooss gouf zäitweis gespaart. Wéi et zum Accident komm ass, ass nach net gewosst. D'Ermëttlunge lafen.

Am Asaz war ënnert anerem en Helikopter vu Luxembourg Air Rescue.