Et géif een awer dru schaffen d'Zuel vun den Affer méi niddreg ze halen. Ganz uerg ass d'Situatioun jo zu New York.

Hei ginn et iwwer 80.000 Infizéierter an iwwer 1.550 Doudeger.

Coronavirus-Alarm och um amerikanesche Krichsschëff Theodore Roosevelt. Ënnert de 5.000 Membere vum Equipage ass de Virus ausgebrach. De Kapitän fuerdert, datt 4.000 Leit vum Schëff ofgezunn an isoléiert ginn. De Verdeedegungsminister Mark Esper hält dat awer fir onnéideg. Et géife genuch medezinesch Hëllefsgidder op d'Schëff geliwwert ginn.