De 55 Joer ale Boris Johnson gouf jo virun 10 Deeg positiv op de Coronavirus getest a gouf um Sonndeg mat héijem Féiwer an d'Spidol bruecht.

Den Ausseminister Dominic Raab wier dann esou laang en charge vun der Regierung, heescht et vun engem Porte-Parole op der BBC. Dem Premier seng Symptomer wieren e Méindeg am Nomëtteg ëmmer méi schlëmm ginn.

Wéi et en Dënschdeg de Moien dann heescht, géif de brittesche Premierminister Sauerstoff kréien, ouni awer un enger Beootmungsmaschinn ugeschloss ze sinn. D'Maschinn soll awer prett fir den Asaz sinn, soll sech d'Situatioun géif verschlechteren, esou de Staatssekretär Michael Gove.

De Boris Johnson, deen zënter e Méindeg den Owend op der Intensivstatioun läit, ass an engem "stabilen" Zoustand, sou ee Porte-Parole um Dënschdeg am Nomëtteg. En hätt och keng Longenentzündung.

Hei de Statement vun Downing Street

Since Sunday evening, the prime minister has been under the care of doctors at St Thomas' Hospital, in London, after being admitted with persistent symptoms of coronavirus. "Over the course of this afternoon, the condition of the prime minister has worsened and, on the advice of his medical team, he has been moved to the intensive care unit at the hospital."

It continued: "The PM is receiving excellent care, and thanks all NHS staff for their hard work and dedication."

Politiker aus der ganzer Welt hunn dem Johnson an der Nuecht op en Dënschdeg eng gutt Besserung gewënscht.