Wéinst engem Bëschbrand ginn an der Regioun ronderëm Tschernobyl Radioaktivitéitswäerter gemooss, déi 16 Mol méi héich si wéi normal.

Ronn 100 Hektar Land stinn a Flamen.

Nom Reakterongléck viru 34 Joer, gouf eng 30 Kilometer grouss Spärzone ronderëm d'Atomkraaftwierk en place gesat, an där wéi gesot elo e Bëschbrand ausgebrach ass.

Zwee Läschfligeren, en Helikopter an eng 100 Pompjeeë waren um Sonndeg am Asaz, fir d'Feier ënner Kontroll ze kréien.