Wéi CNN mellt, géif et dem nordkoreanesche Leader no enger Operatioun alles anescht wéi gutt goen.
Wéi et heescht, wier hien den 12. Abrëll um Häerz operéiert ginn an e wier nach ëmmer a Behandlung.
Bei der Gedenkzeremonie fir de fréiere Staatschef Kim Il Sung Mëtt Abrëll, war de Kim Jong Un net dobäi, wat natierlech fir vill Gespréich gesuergt huet.
A Südkorea huet ee virsiichteg op d'Meldung reagéiert a matgedeelt, dass een net bestätege kéint, dass et Unzeeche fir seriö gesondheetlech Problemer beim Kim Jong Un géif ginn. Et géif och keng Indicë fir ongewéinlech Aktivitéiten an Nordkorea ginn.
Nordkorea selwer äussert sech guer net zum Thema.
Am meeschte gelies