Nom Deconfinement a Frankräich waren an e puer franséische Stied déi éischten Demonstratioune vun de regierungskritesche "Gilets jaunes".

Den Inneminister Christophe Castaner hat am Virfeld nach kloer drun erënnert, dass Versammlunge vu méi wéi 10 Persounen net erlaabt sinn.

Zu Paräis hu sech d'Demonstranten op der Place de la République versammelt, esou d'Zeitung "Le Parisien". Zwou Persoune goufen der Police no festgeholl, eng Partie Persoune goufe verwarnt.

Zu Toulouse hu Proprietär vu Geschäfter zu enger Géigendemonstratioun opgeruff, esou d'Zeitung "La Dépêche". Och zu Lyon, Marseille, Montpellier a Stroossbuerg sinn d'Mënschen op d'Strooss gaangen.