D'Lori Loughlin kritt doduerch zwee Méint Prisong, eng Strof vun 150.000 Dollar an zwee Joer op Sursis mat 100 Sozialstonnen.

Déi US-amerikanesch Schauspillerin Lori Loughlin, bekannt duerch d'Sitcom "Full House", wäert op schëlleg plädéieren am Kontext vun engem gréissere Bestiechungsskandal, esou de Parquet en Donneschdeg.

D'Actrice an hire Mann gehéieren zu enger Grupp vu Leit, deenen de Prozess gemaach gëtt, well si hire Kanner op onéierlech Aart a Weis Plazen op prestigiéisen Universitéite geséchert hunn.

D'Lori Loughlin kritt zwee Méint Prisong, eng Strof vun 150.000 Dollar an zwee Joer op Sursis mat 100 Sozialstonnen. Eng favorabel Strof fir d'Schauspillerin, déi e puer Joer feste Prisong riskéiert huet.