Just e puer Deeg, nodeem Inlandflich am Pakistan nees erlaabt goufen, koum et zu enger Tragedie.

D'Maschinn, an där wuel 99 Leit u Bord waren, ass e Freideg am Süde vum Land, an der Géigend vun der Stad Karatschi an engem Wunngebitt, erofgefall. Dëst e puer Minutten, éier de Fliger sollt Landen, dat huet déi national Autoritéit fir Aviatioun matgedeelt.

© AFP

Haiser sinn duerch de Fliger beschiedegt ginn, d'Militär an d'Police hunn d'Géigend nom Ongléck ofgespaart, just Ambulanze sinn duerchgelooss ginn. Aus den Trëmmer vun den Haiser konnte bis ewell 15 blesséiert Leit gebuerge ginn.

Den Autoritéiten no hätt ee bis ewell 97 Doudeger gebuergen, 2 Persounen, déi am Fliger souzen, hätten d'Ongléck iwwerlieft. D'Rettungsaarbechte haten nach bis e Samschdeg de Moie fréi gedauert.

De Pilot vun der Passagéiermaschinn hat kuerz virum Crash technesch Problemer gemellt. Et gesäit duerno aus, wéi wann e Motor ausgefall wier. Et gëtt awer weider no der geneeër Ursaach gesicht.