Et wier ee voller Suerg fir d'Länner a Südamerika mat virop Brasilien, wat am Stäerkste betraff ass, sou d'Weltgesondheetsorganisatioun.

Méi wéi 310.000 Infektiounen an 20.000 Doudesaffer si confirméiert. D'Donkelziffer soll däitlech méi héich leien, well a Brasilien éischter manner getest gëtt.

Den offiziellen Zuelen no läit Brasilien hannert den USA a Russland op Plaz dräi vun den am stäerkste betraffene Länner.

© AFP