Déi prodemokratesch Milieuen zu Hongkong hunn déi 7 Milliounen Awunner aus der Stad och e Sonndeg zu Protester opgeruff.

Déi chinesesch, Pläng fir eege Sécherheetsgesetzer fir Hongkong z'erloossen, stousse weltwäit op grousst Onverständnis a schaarf Kritik. Den Entworf gesäit ënner anerem vir, datt Separatismus oder d'Ënnergruewe vun der chinesescher Autoritéit, wat déi national Sécherheet soll schiedegen, soll bestrooft ginn. D'Aktivisten wéi och d'US-Regierung hunn dës Ännerunge mam Doudesurteel fir d'Demokratiebeweegung zu Hongkong gläichgestallt.

Wéinst dem grousse Widderstand huet d'Regierung vun Hongkong dëst Gesetz awer nach net ëmgesat. Den nationale Vollekskongress vun de Chinese soll elo nächsten Donneschdeg iwwert d'Gesetz ofstëmmen an domadder kéint een d'Parlament zu Hongkong ëmgoen. Vun där hirer Regierungscheffin Carrie Lam heescht et, datt hir Regierung komplett mat Peking, wat d'Sécherheetsgesetz géif betreffen, wäert kooperéieren.

Nieft den USA huet awer och d'Europäesch Unioun China opgeruff, fir d'Autonomie vun Hongkong oprecht z'erhalen. Australien, Groussbritannien a Kanada weise sech besuergt iwwert dëse Gesetzesentworf.

E Samschdeg waren d'Leit schonn op Stroosse gaangen an d'Police ass mat Tréinegas géint d'Protestante virgaangen, datt well d'Versammlung net legal war. Honnerte Leit hate sech fir d'Protester zesummefonnt.